Notícies

Divendres  25.01.2013  10:28

Autor/s: Traducció de Jeff Cardarelli

Deklaratioun vun der Souveränitéit a vum Selbstbestëmmungs- an Entscheedungsrecht vun der katalanescher Natioun

Traducció en luxemburguès

Men?ame
 

Virwuert

D'Vollek vu Katalounien huet, am Laf vu senger Geschicht, de kollektive Wonsch ausgedréckt, sech selwer ze regéieren ëm a senger Entwécklung a sengem Wuelstand ze avancéieren, gläich Geléigenheeten fir all Bierger ze schafen, an dobäi gläichzäiteg seng Kultur a seng kollektiv Identitéit ze bestäerken.

D'Autonomie vu Katalounien ass begrënnt op den geschichtleche Rechter vum katalanesche Vollek, op sengen historeschen Institutiounen an op der legaler Traditioun vu Katalounien. De katalanesche Parlamentarismus huet seng Wuerzelen am Mëttelalter an den Assembléeën vum Fridden an vum Waffestëllstand an am gräflechen Haff.

Am 14. Jorhonnert gouf d'Diputació General, oder wéi een se besser kennt, d'Generalitat, gegrënnt, an huet duerno e grousst Mooss un Autonomie erlaangt, bis si, am 16. a 17. Jorhonnert, zum Fürstentum vu Katalounien ginn ass. Mam Fall vu Barcelona am Joer 1714 während dem Krich vun der spuenescher Ierffolleg huet de Philippe V déi katalanesch Rechter an d'Instutiounen zur Eegeregierung mam Dekret vun der Nova Planta ofgeschaf.

Dës historesch Erfahrungen hunn och verschidden aner Regioune gemaach, wouduerch dës Gebidder e gemeinsamen sproochlechen, kulturellen, sozialen a wirtschaftlechen Hannergrond deelen, mat der Intentioun dësen op Basis vu géigesäiteger Unerkennung ze bestäerken an ze förderen.

Am Laf vum 20. Jorhonnert war de Wonsch op Autonomie e konstante Wëllen vun de Katalanen. D'Creatioun vun der katalanescher Mancomunitat am Joer 1914 war en éischte Schrëtt ëm d'Autonomie zréck ze gewannen, déi ënnert der Diktatur vum Primo de Rivera ofgeschaf gi wor. Am Joer 1931, mat der Proklamatioun vun der zweeter spuenescher Republik, etabléiert sech déi katalanesch Regierung, als Generalitat vu Katalounien an dotéiert mat engem Autonomiestatut.

1939 gëtt d'Generalitat erëm ofgeschaf, dës Kéier vum Franco, deen eng Diktatur etabléiert déi bis 1975 sollt daueren. D'Diktatur huet sech allerdéngs enger aktiver Resistenz vum Vollek an der Regierung a Katalounien géigeniwwer gesinn. Ee Meilesteen am Kampf fir d'Fräiheet war d'Grënnung vun der Assemblée vu Katalounien am Joer 1971 als provisoresch Basis bis zum Retour vum Präsident vu Katalounien aus dem Exil 1977 an dem Rétablissement vun der Generalitat. Während der Transitioun zur Demokratie an am Kontext vun engem neie System vun den Autonomien wéi en 1978 vun der spuenescher Verfassung etabléiert gouf, hunn d'Katalanen de katalanesche Autonomiestatut an engem Referendum 1979 unerkannt. Ee Joer méi spéit goufen déi éischt Wahlen fir dat katalanescht Parlament ofgehalen.

An deene leschte Joren, no enger Stäerkung vun der Demokratie, huet e Groussdeel vun de politeschen a gesellschaftlechen Kräften a Katalounien fir eng Verännerung vun de juristeschen a politeschen Strukturen plädéiert. Den rezentesten Effort an dësem Kontext war e Prozess, de katalaneschen Autonomiestatut ze reforméieren, deen 2005 dunn vum Parlament initiéiert gouf. D'Schwieregkeeten an Obstakelen, déi vun den Institutiounen vum spuenesche Staat an de Wee gestallt goufen, a besonnesch d'Urteel 31/2010 vum ieweschten Geriichtshaff, waren eng radikal Negatioun vun der demokratescher Evolutioun vum kollektive Wëllen vum katalanesche Vollek. Ausserdeem huet dës och d'Basis geschaf fir e Réckgang an der Autonomie vu Katalounien, déi sech haut an diversen politeschen, juristeschen, finanziellen, sozialen, kulturellen a sproochlechen Aspekter däitlech mécht.

D'katalanesch Vollek huet op vill verschidde Weisen säi kollektive Wëllen ausgedréckt, ëm déi Obstakelen vum spuenesche Staat ze iwwerkommen. Déi grouss Manifestatiounen vum 10. Juli 2010, ënnert dem Slogan "Mir sinn eng Natioun", a vum 11. September 2012, ënnert dem Slogan "Katalounien, e neien europäesche Staat", waren däitlech Aussoen géint de Mangel u Respekt, deen de spuenesche Staat dem Wëllen vum katalanesche Vollek géigeniwwer weist.

De 27. September 2012, mëttels der Resolutioun 742/IX, huet d'Parlament vu Katalounien d'Noutwendegkeet festgestallt, dass dat katalanescht Vollek seng Zukunft op fräi an demokratesch Weis an engem Referendum soll decidéieren kënnen. Dëse Wëllen gouf kloer an däitlech während de katalaneschen Parlamentswahlen vum 25. November 2012 ausgedréckt.

Ëm dëse Prozess weider ze féieren, huet d'Parlament vu Katalounien, während senger éischter Sëtzung vun der zéngter Legislaturperiod an en Accord mam Wëllen vun de Bierger vu Katalounien, deen sech op demokratesch Art a Weis an de leschten Wahlen ausgedréckt huet, folgendes festgehal:

Deklaratioun vun der Souveränitéit a vum Selbstbestëmmungs- an Entscheedungsrecht vun der katalanescher Natioun

En Accord mam demokratesch ausgedréckte Wëllen vun enger Majoritéit vum katalanesche Vollek, initiéiert d'Parlament vu Katalounien e Prozess ëm d'Recht vun de Bierger vu Katalounien, hir politesch Zukunft kollektiv kënnen ze entscheeden, gëlteg ze maachen an deen op de folgende Prinzipien baséiert:

-Souveränitéit. D'katalanescht Vollek besëtzt, op Basis vun demokratescher Legitimitéit, politesch a juristesch Souveränitéit.

-Demokratesch Legitimitéit: De Prozess vun der Ausübung vum Selbstbestëmmungsrecht wäert zudéifst demokratesch sinn. Mëttels Debat an Dialog an der katalanescher Gesellschaft soll dobäi eng Vilfalt u Meenungen garantéiert a respektéiert ginn. D'Ziel ass, dass déi doraus resultéierend Ausso dem Wëllen vun enger Majoritéit vum Vollek entsprieche soll, wat och de fundamentale Garant vum Entscheedungsrecht ass.

-Transparenz: All déi noutwenneg Instrumenter wäerten zur Verfügung gestallt ginn, sou dass déi ganz Bevëlkerung an déi ganz katalanesch Gesellschaft iwwer all d'Informatiounen an all dat néideg Wëssen zum Entscheedungsprozess verfügen, an och zur Participatioun um Prozess ugereegt ginn.

-Dialog: Katalounien wäert en Dialog an Negociatiounen mam spuenesche Staat, den europäeschen Institutiounen an den internationalen Organisatiounen ënnerhalen.

-Sozial Kohäsioun: Déi sozial an territorial Kohäsioun vu Katalounien gëtt garantéiert. Dat selwecht gëllt och fir den oft vun der katalanescher Gesellschaft geäusserte Wonsch, eng vereenegt Natioun ze bleiwen.

-Europäismus: D'Grondprinzipien vun der Europäescher Unioun wäerten verteidegt a gefördert ginn, virun allem déi fundamental Biergerrechter, d'Demokratie, d'Garantie vum Wohlfahrtsstaat, d'Solidaritéit mat de verschiddenen Natiounen vun Europa an de wirtschaftlechen, sozialen a kulturelle Progrès.

-Legalitéit: All existent legal Kaderen wäerten agesat ginn, ëm d'Demokratie ze stäerken an d'Entscheedungsrecht auszeüben.

-D'Haaptroll vum Parlament: D'Parlament vu Katalounien, als Institutioun déi d'Vollek vu Katalounien representéiert, huet eng Haaptroll an dësem Prozess, an dowéinst ass et noutwenneg, d'Mechanismussen an d'Dynamik vun deem Prozess, deen dëst Prinzip wäert garantéieren, ze definéieren an ze spezifizéieren.

-Participatioun: D'Parlament vu Katalounien an d'Regierung vun der Generalitat mussen aktiv deelhuelen , an dat op lokalem Niveau, an enger gréisstméiglecher Unzuel u politeschen Kräften, wirtschaftlechen a sozialen Agenten, kulturellen a biergerlechen Organisatiounen vun eisem Land. Ausserdeem mussen se och d'Mechanismussen, déi dëst Prinzip garantéieren, definéieren.

D'Parlament vu Katalounien encouragéiert all d'Bierger eng aktiv Roll am demokrateschen Prozess vum Selbstbestëmmungs- an Entscheedungsrecht vum katalanesche Vollek ze iwwerhuelen.

D'Parlament vu Katalounien, 23. Januar 2013

Men?ame